vum 06/01/2026 bis 10/18/2026
Mam Vëlo op d’Aarbecht fueren – dat léisst dech de Dag ganz anescht ufänke wéi mam Auto, Bus oder Zuch. Beweegung, frësch Loft, flott Vue, Energie fir de ganzen Dag an nach vill aner Virdeeler. De Vëlo ass dat ëmweltfrëndlechst an dat gesondst Fortbeweegungsmëttel. An et mécht och nach Spaass: Mat der gratis Radbonus II App kënne sämtlech Vëlosfuerer duerch gefuer Kilometer super Offeren a Primen verdéngen.
Eist Zil:
Mission 1: Eng Kéier ronderëm d’Welt an zeréck! Eng Weltëmronnung ass 40.075km.An dëser jäerlecher Challenge ziele mir, wéi vill Weltëmronnunge d’Nordstad-Participanten zesumme mam Vëlo zeréckleeën.
Missioun 2: Wéi oft packt d’Team Nordstad d’Hin- an d’Réckfaart op Paräis (ca. 800 km)?
Sou funktionéiert et:
D’Kilometer kanns du entweder an der Radbonus App mam „Start“- an „Stop“-Button ophuelen oder se iwwer d’Fitness-Apps vun Apple (Health) an Android (Google Health Connect) synchroniséieren. Strava kann direkt verbonne ginn. Dozou gees du an d’Astellungen a gëss ganz einfach „Datenaustausch mat Health/Strava“ fräi, an dono aktivéiers du an Health oder Strava nach de Datenaustausch. Sou vergësst du d’Opzeechnung net!
Also: Radbonus App eroflueden, den Zougangscode „nordstad“ aginn, d’Gemeng-Team auswielen an fleisseg Kilometer sammelen. Mir freeën eis op deng Participatioun!
Zeechne deng Faarten op a maach automatesch mat
Am Aktiounszäitraum hues du d'Méiglechkeet, bei verschidde Challenges matzemaachen. Trëtt fir eis Aktioun an d'Pedallen! Ob sportlech oder gemittlech: all Kilometer zielt!
Fir matzemaachen, zeechne deng gefuer Kilometer mam Vëlo mat der Radbonus App op. Mat dëse Kilometer maachs du automatesch bei den uewe beschriwwene Challenges mat. Super Bonus waarden op dech!